Firwaaat? - De Kannerpodcast cover

Firwaaat? - De Kannerpodcast

RTL Radio Lëtzebuerg

Den RTL-Podcast fir Kanner. De Loïc beäntwert d'Froe vu Kanner liicht verständlech an informativ. Mat oder ouni Expert, awer all Kéiers mat engem Kand wat seng Froe stellt. D'Aktualitéit einfach erkläert: Well esou mécht Wësse Spaass.

Den RTL-Podcast fir Kanner. De Loïc beäntwert d'Froe vu Kanner liicht verständlech an informativ. Mat oder ouni Expert, awer all Kéiers mat engem Kand wat seng Froe stellt. D'Aktualitéit einfach erkläert: Well esou mécht Wësse Spaass.

Episod 60: Firwat feiere mir Päischten?, 20/05/2024

0:00 0:00

Épisodes

Episod 60: Firwat feiere mir Päischten?, 20/05/2024 20 May 2024

De Loïc schwätzt an dësem Episod iwwert de Feierdag op Päischten a wat mir do iwwerhaapt feieren.

Episod 59: Firwat sengt d'Tali zu Malmö?, 04/05/2024 04 May 2024

De Eurovision Song Contest zu Malmö ass d'Thema an dësem Episod vum Kannerpodcast.

Episod 58: Firwat ass Waasser sou wichteg?, 27/04/2024 27 Apr 2024

De Loïc erkläert am Podcast firwat d'Waasser op eisem Planéit sou wichteg ass a firwat mir gutt mussen drop oppassen.

Episod 57: Firwat huet den Iran Israel ugegraff?, 19/04/2024 19 Apr 2024

De Konflikt am Noen Osten huet sech weider ausgebreet. An dësem Episod geet et ëm den iraneschen Ugrëff d'leschte Weekend.

Episod 56 - Firwat de neie Migratiounspak vun der EU an der Kritik steet?, 13/04/2024 13 Apr 2024

Den neie Migratiounspak vun der EU an d'Iwwerschwemmungen a Kasachstan a Russland sinn Thema am Kannerpodcast.

Episod 55 - Firwat ass de Mound erëm interessant?, 06/04/2024 06 Apr 2024

m Kannerpodcast zielt de Loïc de Kanner wisou de Mound elo erëm sou intressant fir d'Astronauten an Astronautinne ginn ass.

Episod 54 - Firwat feiere mir Ouschteren?, 30/03/2024 30 Mar 2024

De Kannerpodcast vun RTL zum Thema Ouschteren.

Episod 53 - Firwat gëtt et e Konflikt am Noen Osten?, 23/03/2024 23 Mar 2024

De 7. Oktober huet d'Terrorgrupp Hamas Israel ugegraff. Vun dem Ament u reagéiert Israel mat Géigenugrëffer. Dëst ass d'Thema am Kannerpodcast.

Firwaaat? De Kannerpodcast Spezial - Thema Schoul, 04/02/2024 04 Feb 2024

Eis RTL-Kannerreporter ënnerhalen sech iwwert d'Schoul an schwätzen iwwert hiren Interview mam Claude Meisch,

Firwaaat? Kannerpodcast - Walen 2023, 15/10/2023 15 Oct 2023

Eis RTL-Kannerreporter erklären alles ronderëm d'Walen an informéieren eis driwwer wat op Walsonndeg passéiert ass.

Episod 52 - Firwat gëtt a Frankräich protestéiert?, 20/03/2023 20 Mar 2023

D'Rentereform suergt a Frankräich fir Protester, de Loïc erkläert de Kanner wat et bei eisem Noper lass ass.

Episod 51 - Firwat gëtt et e Weltfraendag?, 12/03/2023 12 Mar 2023

Den 8. Mäerz ass Weltfraendag. En Dag fir op d'Rechter vu Fraen a Meedercher opmierksam ze maachen. De Loïc erkläert de Kanner am Podcast wisou sou en Dag och haut nach wichteg ass a wéisst hinnen unhand vun Afghanistan, datt Fraen net iwwerall déi selwecht Rechter hunn wei d'Männer.

Episod 50 - Firwat gëtt et Äerdbiewen?, 26/02/2023 26 Feb 2023

De Lee stellt seng Froe ronderëm d'Thema Äerdbiewen a mir ginn op d'Situatioun an der Tierkei an a Syrien an.

Episod 49 - Firwat gëtt et Kënschtlech Intelligenz?, 28/01/2023 28 Jan 2023

De Loïc erkläert de Kanner wisou et Kënschtlech Intelligenz gëtt a wat een domadder alles ka maachen.

Episod 48 - Firwat féieren se a China elo dat neit Joer?, 21/01/2023 21 Jan 2023

Den Alex huet vill Froe ronderëm d'Fréijoersfest a China a kritt am Kannerpodcast och seng Froe beäntwert.

Episod 47 - Firwat fält een an eng Depressioun?, 14/01/2023 14 Jan 2023

D'Lori an de Loïc schwätzen an dësem Episod iwwer Depressiounen.

Episod 46 - Firwat iesse mir Dräikinnekskuch?, 06/01/2023 06 Jan 2023

An dësem Episod stellt d'Guliana seng Froe ronderëm Dräikinneksdag an den Doud vum Post Benedikt de 16ten.

Episod 45 - Firwat goufen et äiseg Temperaturen an den USA?, 02/01/2023 02 Jan 2023

An dësem Podcast geet et ëm de Schnéistuerm am Dezember 2022 an Amerika.

Episod 44 - Firwat koum de Jesus am Stall op d'Welt?, 24/12/2022 24 Dec 2022

De Kannerpodcast mam Loïc Juchem beschäftegt sech dës Woch mat Chrëschtdag.

Episod 43 - Firwat gëtt iwwer korrupt Politiker geschwat?, 17/12/2022 17 Dec 2022

D'Ella stellt seng Froe ronderëm d'Skandaler vum EU-Politiker an och den Avatar 2 ass e Sujet.

Episod 42 - Firwat schmaacht eis de Schockela?, 10/12/2022 10 Dec 2022

D'Blue stellt am Kannerpodcast dem Loïc puer Froen ronderëm de Schokela.

Episod 41 - Firwat gëtt a China protestéiert?, 03/12/2022 03 Dec 2022

Den David stellt seng Froen iwwert d'Protester a China.

Episod 40 - Firwat gëtt et eng Europäesch Unioun?, 26/11/2022 26 Nov 2022

D'Kyara stellt dem Loïc an dësem Episod Froen iwwert Europa.

Episod 39 - Firwat gëtt d'WM am Katar kritiséiert?, 19/11/2022 19 Nov 2022

Am Kannerpodcast vun dëser Woch stellt de Loïc de Kanner de Katar vir an zielt hinne wisou d'Land an der lescht vill kritiséiert gëtt.

Episod 38: Firwat gëtt et eng COP27?, 12/11/2022 12 Nov 2022

An Ägypten gëtt op der Klimakonferenz verhandelt . De Luca vun Draufelt stellt seng Froen a kritt vum Loïc erkläert wat eng Klimakonferenz ass.

Episod 37: Firwat gouf a Brasilie gewielt?, 05/11/2022 05 Nov 2022

De Loïc erkläert de Kanner wien déi zwee Präsidentschaftskandidate waren, wisou de Präsident Lula da Silva am Prisong souz an zielt Fakten iwwer Brasilien.

Episod 36: Firwat ass Chaos a Groussbritannien?, 29/10/2022 29 Oct 2022

De Charel stellt seng Froen iwwert de politesche Chaos a Groussbritannien an de Loïc erkläert him och wat op Allerhellege gefeiert gëtt.

Episod 35 - Firwat gëtt am Iran protestéiert?, 22/10/2022 22 Oct 2022

Den Dennis stellt seng Froen iwwert den Iran, well do gëtt den Ament protestéiert.

Episod 34 - Firwat fléien d'Zuchvulle fort?, 15/10/2022 15 Oct 2022

De Gabriel stellt seng Froen iwwert d‘Zuchvillercher.

Episod 33 - Firwat gëtt alles méi deier?, 08/10/2022 08 Oct 2022

De Kannerpodcast ass zeréck aus der Summerpaus an de Loïc erkläert de Kanner wisou den Ament alles méi deier gëtt.

Episod 32 - Firwat gëtt an Amerika dacks vu Waffe geschwat?, 28/05/2022 28 May 2022

Dës Woch geet dorëms wisou, datt an den USA d'Benotze vu Waffen eigentlech kee Problem ass, mir schwätzen iwwer Chrsti Himmelfahrt an iwwert d'WM am Kata

Episod 31 - Firwat gëtt et dee faarwege Fändel?, 21/05/2022 21 May 2022

Mir Mënschen dierfen eis an déi Persoun verléiwe wou mer wëllen, egal ob Jong oder Meedchen. D'Thema Léift ass Sujet am Kannerpodcast an awer och d'NATO.

Epsiod 30 - Firwat gëtt e Ramadan an en Zockerfest?, 07/05/2022 07 May 2022

An dësem Episod dréint sech allem ëm d’Zockerfest. Ee vun de wichtegste Feierdeeg am Islam. De Brieuc deen huet des Woch seng Froen zu dem Thema gestallt.

Episod 29: Frwat ginn et Wandrieder?, 01/05/2022 01 May 2022

Alles ronderëm d'Wandrieder an erneierbar Energie gëtt am neien Episod vum Kannerpodcast. De Loïc erkläert de Kanner dat op eng einfach Manéier.

Epsiod 28: Firwat muss ee kräische wann een eng Ënn schielt?, 22/04/2022 22 Apr 2022

Am Episod vun dëser Woch geet de Loïc drop an wisou ee muss kräische wann een eng Ënn schielt a mir kucke wat soss nach an der Welt lass ass. Eemaischen, Iwwerschwemmungen a Südafrika an eng immens Dréchent am Oste vun Afrika an de Walkampf a Frankräich.

Episod 27: Firwat gëtt a Frankräich gewielt?, 08/04/2022 08 Apr 2022

E Sonndeg ass déi éischte Walronn am Kader vun de Presidentiellen a Frankräich an an dem Kader huet Dana och puer Froen zu dem Thema gestallt.

Episod 26: Firwat gëtt et eng Pollenallergie?, 03/04/2022 03 Apr 2022

De Liam stellt seng Froe ronderëm d'Thema Pollenallergie an um Schluss ginn dann och d'Äerdbier ugeschwat.

Episod 25: Firwat gëtt et Alldagsrassismus?, 27/03/2022 27 Mar 2022

De Fritz stellt dem Loïc an dësem Episod Froe ronderëm d'Thema Alldagsrassismus.

Spezial Episod: Flüchten aus der Ukrain, 20/03/2022 20 Mar 2022

An eisem Kannerpodcast "Firwaaat?" geet et och des Woch nees ëm de Krich an der Ukrain. D'Journalistin Annick zielt wat sie vrun 2 Wochen erlierft huet. D'RTL Journalistin Annick zielt dem Loïc iwwert seng Andréck, déi et un der polnesch-ukrainescher Grenz virun 2 Woche konnt maachen. D'Annick war am Bus mat dobäi wou ee versicht huet Leit aus der Ukrain ze retten an op Lëtzebuerg ze bréngen.

Episod 24 - Firwat gëtt et d'Nato?, 13/03/2022 13 Mar 2022

De Ben stellt seng Froe ronderëm d'Nato. Dernieft erkläert de Loïc an dësem Episod wien de Wladimir Putin ass.

Episod 23- Firwat gëtt et Krich an der Ukrain?, 06/03/2022 06 Mar 2022

De Loïc äntfert an dësem Episod op dem Pit seng Froen.

Episod 22 - Firwat gëtt et Esch2022?, 27/02/2022 27 Feb 2022

Den Episod 22 vum Kannerpodcast setzt sech mat der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 auserneen. D'Christane an de Loïc beäntwerten seng vill Froen.

Epsiod 21 - Firwat ginn et Fake News?, 19/02/2022 19 Feb 2022

De Gregory stellt seng Froe ronderëm d'Thema Fake News.

Episod 20 - Alles ronderëm d'Olympesch Wanterspiller a China, 12/02/2022 12 Feb 2022

D'Yuna stellt dem Loïc seng Froen. Et ass den Dram vu ville Sportler bei Olympia mat dobäi ze sinn. Alles ronderëm Olympia a wisou China vill kritiséiert gëtt, gitt der an dësem Episod gewuer.

Episod 19 - D'Kanner an Uganda konnte laang net an d'Schoul!, 05/02/2022 05 Feb 2022

D'Alessandra hëlt ons mat an Uganda, do konnten d'Kanner nämlech bal 2 Joer net an d'Schoul goen.

Episod 18 - De Konflikt tëscht Russland an der Ukrain, 29/01/2022 29 Jan 2022

D'Emma stellt seng Froen zum Konflikt tëscht Russland an der Ukrain a wëll wësse wat do genee lass ass.

Episod 17 - Firwat gëtt et d'Lager zu Guantanamo?, 22/01/2022 22 Jan 2022

D'Lea op Besuch am RTL Kannerpodcast.

Episod 16 - Firwat gesäit een am Wanter keng Beien?, 15/01/2022 15 Jan 2022
Episod 15 - Firwat gëtt et den Euro?, 08/01/2022 08 Jan 2022

De Liam stellt seng Froen iwwert den Euro.

Episod 14 - Firwat ginn et verschidde Kalenneren?, 01/01/2022 01 Jan 2022

De Loïc stellt puer Kalenneren aus anere Kulture vir.