Invité:e vum Dag
radio 100,7
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Robert Harmsen, amerikanesche Politolog op der Uni.lu
Épisodes
Mir froen de Politikwësseschaftler, wat den Ausgang vun den amerikanesche Kongresswale fir dem Donald Trump seng Presidentschaft bedeit.
De Gesondheetsmediateur gëtt ageschalt, wann et e Konlikt gëtt tëschent Patient an Dokter - oder ëmgedréint. 2025 huet de Service iwwer 100 Dossiere méi registréiert, wéi 2024. Mir froen no, wou déi staark Hausse hierkënnt.
Däitschland a Frankräich fuerdere Lockerungen bei de Klimaziler an der Auto-Industrie a méi e staarke Schutz fir d’Produktioun an der EU. Déi wiertschaftspolitesch Denkfabrik vu Bréissel gesäit dee Virstouss kritesch a warnt, datt déi europäesch Automobilindustrie doduerch kéint den Zuch verpasse bei der Energietransitioun.
D'Regierung an d'Sozialpartner hu sech op eng Verlängerung vun den Energiemesuren aus dem Resilienzpak gëeenegt. Wéi frou ass de Lex Delles, datt och den Tankrabatt weider gëllt?
Wéi geet et virun no de Walen an Israel? Froen un den Expert vun der Heinrich-Böll-Stiftung, déi der grénger Partei an Däitschland nosteet.
No de Walen an Israel, Brasilien a Serbien an no senger aussepolitescher Deklaratioun an der Chamber: Froen un de Lëtzebuerger Ausseminister.
No enger kuerzer Reprise 2025 notéieren d'Guichetsbanken fir 2026 nees e Ralentissement um Immobiliemaart. Besonnesch de VEFA kënnt net un d'Rulle. Wat kann een do maachen?
De fréiere Journalist an haitege Member vum Verwaltungsrot erkläert, firwat déi rezent Adaptatioun vun der Pressehëllef net duergeet fir d'Wochenzeitung um Liewen ze halen.
De Paul Philipp ass muer um Kongress zu Wëntger den eenzege Kandidat fir seng eegen Nofolleg als President vun der FLF. Et gëtt säi 7. Mandat un der Spëtzt vum Verband.
No der Hierscht-Quadripartite vu gëscht: Wat gëtt gemaach, fir de chroneschen Defizit vun der CNS an de Grëff ze kréien?
D'nächst Woch gëtt an der Tripartite weider verhandelt. Mir froen d'OGBL-Presidentin, wat si sech vun der Regierung erwaart.
Mir froen den UEL-President mat wéi enge Fuederungen d'Patronat haut an d'Tripartite geet.
De neie Generol iwwerhëllt eng Arméi déi séier wiisst. Mir froen hien wat déi gréisst Erausfuederunge sinn, déi an de nächste Joren op hien duerkommen.
Am Virfeld vum internationalen Dag vun den Organspenden maache mir de Point zu der Situatioun zu Lëtzebuerg. 2025 goufen nëmmen zwee Spender hei am Land registréiert.
Bei der Sonndesfro vun Ilres am Optrag vum Lëtzebuerger Wort an RTL schneit d’ADR esou gutt of ewéi nach ni. Wouru mécht d’Partei deen Erfolleg fest?
D'Luxlait iwwerhëlt temporär 50 fréier Ekabe-Produzenten, kann deenen hir Mëllech awer net hei am Land verschaffen. Wat bedeit dat fir déi Concernéiert a fir d'Molkerei selwer?
Den Zentrum fir politesch Bildung feiert 10 Joer. Eng Zäit, an där Desinformatioun a Politikverdrossenheet allgemeng zougeholl hunn. Wéi geet een dogéint vir?
Wat ass d'Zil vun der neier Campagne fir 72 Stonnen Autonomie vun de Bierger bei nationale Krisen? A wéi prett sinn d'Autoritéite wann déi "nächst Kris bestëmmt kënnt"?
Virun 30 Joer ass den MNHN vum Fëschmaart an de Gronn geplënnert. Wéi huet e sech zënterhir entwéckelt? A wéi soll e sech nach weider entwéckelen?
Froen iwwer de Budgetsprojet fir 2027, dee gëschter an der Chamber déposéiert a virgestallt ginn ass.
Wat ass d'Zil vun där neier “Société Luxembourgeoise de Médecine d’Urgence et de Catastrophe”? Dat froe mir hire President.
Den 1. August huet de fréieren UEL-Direkter d'Nofolleg vum Michel Simonis un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Roude Kräiz iwwerholl.
Haut ass den Optakt vun der 5. Semaine de la santé mentale. Si steet ënner der Iwwerschrëft "On a tous un bagage. Ensemble, avançons plus légers!".
Wéi geet et viru mam Medezinstudium op der Uni Lëtzebuerg? Wéini kënnt de Master? A wéi ass et mat weidere Spezialisatiounen?
Dronen, Petititiounen, Piraten a Stabilitéit vun den Institutiounen: Dat si Stéchwieder am Gespréich mam éischte Bierger vum Land.
Haut ass dem Michel Reckinger säi leschten Dag als President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen: Zäit fir e Bilan.
D'AAA ass zoustänneg fir d'Preventioun an Entschiedegung bei Accidenter um Wee bei an op der Aarbecht souwéi bei Beruffskrankheeten. Zejoert gouf se iwwer 15.000 Mol sollicitéiert.
Déi gréng Deputéiert äussert sech zu der Krisekommunikatioun vun der Regierung, zu der Affär Fridman an erkläert, firwat hir Partei géint d'Steierreform wäert stëmmen.
Muer ass den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch. Eréischt fir déi 2. Kéier, nodeems de Kulturministère deen Dag d’lescht Joer ageféiert huet. Wéi kann a soll d’Lëtzebuergescht nach weider promovéiert ginn. Firwat wëllen net méi Leit Lëtzebuergesch-Proff ginn a wat soll am nächsten Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch drastoen, dat froe mir den DP-Kulturminister Eric Thill.
Hie rotéiert am Oktober mat der Ana Correira an d'Chamber. Wéi wëlle si un d'Aarbecht vun hire VIrgänger uknäppen?
Wou steiert déi däitsch CDU hin? A wéi vill vun deem Wee ass mam President a Bundeskanzler Friedrich Merz ze maachen? Dat froe mir de fréiere Verkéiersminister.
Op den 1. Oktober gëtt et ee Wiessel un der Spëtzt vun der Arméi an de Steve Thull geet an d'Pensioun. Wat behält hien aus de leschte 6 Joer zeréck a wou steet d'Arméi elo?
Um Weltalzheimerdag froe mir den Direkter vun der Abteilung Transversal Translational Medicine vum Fuerschungszenter LIH (Luxembourg Institute of Health) a Spezialist fir neurodegenerativ Krankheeten, wéi déi nei KI-baséiert Diagnos-Outile fonctionéieren, an ob Chatbots d'Gehierfitess beaflossen.
No de schlechte PISA-Resultater huet den Educatiounsminister ënner anerem d'Elteren an d'Flicht geholl. Wéi gesinn déi Concernéiert dat?
D'LSAP gesäit déi geplangt Steierreform kritesch. Mir froe no firwat.
Mir froen den eenzege Kandidat fir President vun der FLBB ze ginn, wéi hien erëm méi Zuschauer an d'Hale wëllt bréngen a wéi hien den Damme-Basket erëm méi attraktiv wëllt maachen.
Um Dag vun der Rentrée froe mir no, wéi d'Gewerkschaft op d'Resultater vun der PISA-Etüd reagéiert, an op d'Schoule prett si fir d'Alphabetiséierung op Franséisch.
Déi nei Plattform wëllt d'Demokratie méi resilient maachen. Mee wéi? Dat froe mir de jonke Politiker vun déi gréng, deen d'Initiativ gegrënnt huet.
Wéi eng Léiere sinn aus den Attentater vum 11. September 2001 gezu ginn? Wéi eng Gefore ginn haut nach vun islamisteschem Terror aus? Dat froe mir de renomméierten däitschen Terrorismus- a Séchserheets-Expert.
No deem iwwerduerchschnëttlech waarmen an dréchene Summer 2026: Kritt d'Klimapolitik elo neie Schwong?
Wéi eng Conclusiounen zitt de Schoulminister aus der neier PISA-Etüd?
Den 1. Dezember iwwerhëllt si d'Direktioun vum Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique.
No der Landtagswahl vu gëscht a Sachsen-Anhalt: Wéi geet et an deem Bundesland virun? A wéi eng Konsequenze kritt dat politescht Äerdbiewen zu Berlin?
Wéi héich war d'Iwwerstierflechkeet während de Caniculen? A wéi eng Léieren zéien d'Gesondheets-Autoritéiten aus den Hëtztwelle vun dësem Summer?
Ass genuch Gas do fir den nächste Wanter ze iwwerbrécken? A wéivill wäert en de Client kaschten?
Den SPD-Politiker ass e Sonndeg schonn am 1. Tour mat absoluter Majoritéit gewielt ginn. Am Interview erkläert hien d'Funktioun an d'Erausfuerdeungen, déi sech stellen.
D'Gewerkschaft vum Gemengepersonal huet sech selwer komplett reforméiert - a begréisst, datt d'Epreuve générale d'aptitude am kommunale Secteur ofgeschaaft ass. Domat geet eng laangjäreg Fuerderung an Erfëllung.
Direkt mat zwou Nouvellë war de Lëtzebuerger Flughafen d’lescht Woch an de Schlagzeilen. De Findel kritt den nächsten Abrëll mat United Airlines eng nei Direkt-Verbindung an d’USA. An d’Luxair huet e Freideg déi éischt zwou vun am ganze véier nei Boeing 737-8 empfaangen. Wat bedeiten déi Entwécklunge fir déi eenzeg Lëtzebuerger Passagéier-Fluchgesellschaft?
Mir froen den Escher Oppositiounschef, wéi hien d'Aarbecht vun der schwaarz-blo-grénger Koalitioun no 3 Joer bewäert.
D'Vertrieder aus der Landwirtschaft zéien en éischter negative Bilan vum Karschnatz 2026. Wéi kann a wëllt d'Politik elo dem Secteur ënner d'Aerm gräifen?