Moiesstudio cover

Moiesstudio

radio 100,7

Besser informéiert an den Dag

Besser informéiert an den Dag

Midterms: Wéi sinn d'Kongresswalen an den USA ausgaang?

0:00 0:00

Épisodes

Midterms: Wéi sinn d'Kongresswalen an den USA ausgaang? 04 Nov 2026

Mir froen eise Korrespondent Philip Crowther.

Fussball-WM: D'Lëtzebuerger U15 huet 7 vun 10 Matcher gewonn 04 Nov 2026

Mir froen den U15-Nationaltrainer, ob hie mat esou vill Victoirë gerechent hat.

No Attack op Frigoen: Wéi kënne mir eis besser schützen? 04 Nov 2026

No der Attack op Frigoen a Frankräich an an der Belsch misst elo iwwerpréift ginn, datt Geräter, déi online connectéiert sinn, besser geschützt ginn, seet de Chaos Computer Club.

Literatur: De Prix Goncourt geet un de Philippe Jaenada 04 Nov 2026

D'Buch "L'inconnue du quai de Javel" gewënnt dëst Joer de renomméierste franséische Literaturpräiss. De Jeff Schinker huet et gelies.

Verbrenner-Motor: Een Opweeche vum Verbuet zeechent sech of 04 Nov 2026

Am Europarlament gëtt weider iwwer méi labber Reegele fir CO2-Emissioune fir Autoen ofgestëmmt. Beim Vott an der Transportkommissioun hat d’Martine Kemp (CSV) fir an d’Tilly Metz (déi gréng) géint d’Propos gestëmmt, déi vun de Chrëschtdemokraten, Sozialisten a Liberalen ausgehandelt gi war. D'Danièle Weber iwwer déi aktuell Diskussioun am Parlament an déi ënnerschiddlech Positiounen vun den zwou Lëtzebuerger Europadeputéiert.

Weltmännerdag: Wann d'Gesondheet vum Mann an de Fokus réckelt 03 Nov 2026

De Weltmännerdag ass net ze verwiessele mam Internationale Männerdag den 19. November, bei deem et ëm d’Gläichberechtegung tëschent de Geschlechter geet. Den 3. November geet et ëm d’Gesondheet vum Mann. An iwwer déi, virun allem déi mental, schwätze mir mam Psycholog a Psychotherapeut Jean Fischbach.

D'Maison médicale zu Ettelbréck ass geplënnert - Mee wéini geet een dohin? 03 Nov 2026

Gëschter Owend sinn zu Ettelbréck d’Diere vun der neier Maison médicale opgaangen. Wéi vill Leit den éischten Owend do waren, dat wësse mir net. Wat mir awer wëssen: D’Gebai vun der Maison médicale ass fuschnei. Déi ass nämlech geplënnert – vun direkt nieft dem Spidol an d’Entrée vun Ettelbréck, wou fréier d’Zigarettefabrick war. Firwat d’Maison médicale geplënnert ass a wéini een an d’Maison médicale an net an d’Urgence soll goen - doriwwer huet de Pit Beffort den Iwwerbléck.

Anonym Beschëllegungen: Wéi kënne Journaliste sech wieren? 03 Nov 2026

Eng anonym Internetsäit mécht grave Reprochë géint d'Journalistin Véronique Poujol. Mir froen de President vun der Journalisten-Associatioun ALJP, de Sidney Wiltgen, wéi si sech ka wieren.

Filmtipp: "Boxing Stories" 03 Nov 2026

A sengem ganz perséinlechen Documentaire setzt sech den Alain Tshinza mat der Lëtzebuerger Boxgeschicht an der kongoleesescher Diaspora auserneen. Et ass dem Michel Delage säin aktuelle Kinostipp.

Leschte Countdown fir d'Midterms an den USA 02 Nov 2026

Muer gëtt an den USA gewielt. D'Mëttmandatswale sinn eng Méiglechkeet fir d'Demokratesch Partei, de Pouvoir vun de Republikaner am amerikanesche Kongress ewegzehuelen. Den US-President Donald Trump probéiert mat all senger Muecht d'Wieler ze iwwerzeegen, datt seng Republikaner an der Majoritéit bléiwe sollen, mee d'Demokrate weisen sech optimistesch. Eise Korrespondent, Philip Crowther suivéiert dës Walen am Schlësselstaat Michigan a mellt sech vun Detroit an de Studio.

No Récktrëttsfuerderung: Wäert den Déifferdenger Schäfferot zerécktrieden? 02 Nov 2026

D’Déifferdenger Oppositioun huet d’lescht Woch d'Demissioun vum LSAP-CSV-Schäfferot gefuerdert, nom 400.000 Euro-Bedruch an der Gemeng. Als Rappel: am Mee hate Krimineller sech an d’E-Maile vun engem Architektebüro gehackt a sech als Baufirma ausginn. Iwwert dee Wee haten si d’Gemeng dozou bruecht, eng Rechnung vun iwwer 400.000 Euro, déi nach mam ArchitektebürD’Déifferdenger Oppositioun huet d’lescht Woch d'Demissioun vum LSAP-CSV-Schäfferot gefuerdert, nom 400.000 Euro-Bedruch an der Gemeng. Als Rappel: Am Mee hate Krimineller sech an d’E-Maile vun engem Architektebüro gehackt a sech als Baufirma ausginn. Iwwer dee Wee hate si d’Gemeng dozou bruecht, eng Rechnung vun iwwer 400.000 Euro, déi nach mam Architektebüro opstoung, op e falsche Bankkonto an Holland ze bezuelen. De Bedruch war Mëtt Mee entdeckt ginn – allerdéngs sinn d’Oppositioun an d’Ëffentlechkeet eréischt dëse Mount dovu gewuer ginn. DP, déi gréng an déi Lénk werfen dem Schäfferot vir, en hätt d’Affär wëllen ënner den Teppech kieren. Wäert de Schäfferot den Hutt zéien? Dat hu mir den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch gefrot.o opstoung, op e falsche Bankkonto an Holland ze bezuelen. De Bedruch war Mëtt Mee entdeckt ginn – allerdéngs sinn d’Oppositioun an d’Effentlechkeet eréischt dëse Mount dovu gewuer ginn. DP, déi Gréng an déi Lénk wäerfen dem Schäfferot vir, en hätt d’Affär wëllen ënnert den Teppech kieren. Wäert de Schäfferot den Hutt zéien? Dat hu mir den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch gefrot.

Hanner de Kulisse vun engem Beruff tëschent Doud an Trouscht 02 Nov 2026

Op de Kierfechter ginn d'Griewer gebotzt, Blummen nei arrangéiert a Käerzen ugefaangen. Et ass d’Zäit em Allerhellegen an Allerséilen. Famillje kommen zesummen, fir un déi ze denken, déi net méi do sinn. Mee net all Begriefnes gesäit haut nach esou aus wéi fréier. D'Feierbestattung gëtt ëmmer méi heefeg – an dat verännert och d'Aarbecht vun de Bestattungsbetriber. Mee wat geschitt eigentlech hannert de Kulisse vun engem Begriefnes? A wéi ass et, Mënschen an hire schwieregste Momenter ze begleeden? De Moris Garzaro war bei Erasmy zu Hamm an huet mat der Rachel Weber iwwer hiren Alldag geschwat

Jugendprotester an Däitschland 02 Nov 2026

An Däitschland sinn iwwert de Weekend zéngdausende virun allem jonk Leit op d’Strooss gaangen. Si hu fir besser Bildung, géint déi héich Liewenskäschten a géint d’Wehrpflicht demonstréiert. An obwuel et a vereenzelte Stied zu Ausschreidunge koum, ass de Bilan vun de Jugendprotester däitlech manner grave wéi op anere Plazen. Firwat ass dat esou? Doriwwer schwätze mir mat eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.

Tankrabbatt: 100 Millioune Liter méi bei Verlängerung vun engem Joer 02 Nov 2026

Den Tankrabbat gouf "nëmmen" ëm zwee Méint d‘nächst Joer verlängert. Eng Verlängerung bis Enn 2027 hätt nämlech d’Klimaziler vu Lëtzebuerg a Gefor bruecht.

Halloween op Lëtzebuergesch: D'Traditioun vum Trauliicht 30 Oct 2026

Am Naturerliefniszenter Robbesscheier lieft d’Traditioun vum Trauliicht, där hir Urspréng bis an d’Mëtt vum 18. Joerhonnert zeréckginn, weider. An deene leschten Deeg konnte Kanner an Erwuessener hei an Atelieren hiert Trauliicht schnëtzen.

Besatzungsmuecht Lëtzebuerg: Wéi de Grand-Duché Deeler vun Däitschland besat hat 30 Oct 2026

Déi zwee däitsch Landkreesser Bitburg a Saarburg goufen nom Zweete Weltkrich 10 Joer vun der Lëtzebuerger Arméi kontrolléiert. Den Historiker Felix Streicher huet doriwwer gefuerscht an zielt am 100,7-Interview, wéi et dozou komm ass, wat d'Arméi genee gemaach huet a virun allem: Wéi war d'Verhältnis mat den Däitschen. E spannenden Abléck an een Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht, dee bis elo net esou erfuerscht war, an op deen ee vläicht och net esou houfereg ka sinn.

Den Opus mat der "Lauschter Lounge" op der Studentefoire 30 Oct 2026

Den Opus, de klassesche Schwësterprogramm vum Radio 100,7, bitt op der Studentefoire mat der “Lauschter Lounge” eng Méiglechkeet, eng Paus vum Trubel ze maachen. Mat enger spezieller Playlist mat klassescher Musek wëllt eise Musekssender deene Jonken hëllefen, sech ze entspanen a gläichzäiteg den Interessi u klassescher Musek e bëssen erwächen. D’Sophie Schroeder war fir eis sur place fir sech dat méi genee unzekucken.

Lëtzebuerg bei de Youth Olympic Games am Senegal aus zwou Perspektiven 30 Oct 2026

Muer fänkt am Senegal déi véiert Editioun vun de Youth Olympic Games un. Nach eng zimmlech nei Competitioun a wéi den Numm et scho seet, eng Zort Olympesch Spiller fir d’Jugend. Fir Lëtzebuerg sinn do d’June Nothum um Vëlo, den Aaron Sahr am Dëschtennis an den Triathleet Emile Vanolst mat dobäi. Mee net nëmmen um sportlechen Terrain sinn am Senegal Lëtzebuerger aktiv, wéi de Jo Welfringer erausfonnt huet.

Oneenegkeet an der Union syndicale 30 Oct 2026

Den OGBL begréisst d'Enn vum Tankrabatt nom Februar 2027. Den LCGB hätt léiwer gehat, d'Mesure wier bis d'Enn vum nächste Joer verlängert ginn. Wat bedeit deen Désaccord fir d'Gewerkschaftsunioun? Dat froe mir de President vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond, Patrick Dury.

Zuchaccident a Spuenien: Wéi konnt et dozou kommen? 29 Oct 2026

Op dmannst 68 Mënsche si gëschter beim Accident ëm d'Liewe komm. Et ass dat zweet grouss Zuchongléck a Spuenien dëst Joer. Mir schwätzen iwwer d'Ursaache mat eiser Korrespondentin.

Studentefoire 2026: Méi Méiglechkeeten, mee och méi Erausfuerderungen 29 Oct 2026

D'Studentefoire ass fir hir 40. Editioun zeréck um Kierchbierg. Dës Kéier an der Coque a mat engem erweiderte Konzept. Iwwer 180 Aussteller presentéiere Studien- a Beruffsperspektiven. Nieft den Universitéite sinn och Betriber an aner Organisatioune vertrueden. Am Live-Gespréich vum Radio 100,7 ginn d'Héichschoulministesch Stéphanie Obertin an d'Jo-Anne Maathuis vun der ACEL op dat neit Konzept an déi aktuell Erausfuerderungen am Héichschoulberäich an.

Verlängerung vum Tankrabatt: "Een Zeeche vu Verantwortungslosegkeet" 29 Oct 2026

Ginn déi staatlech Energiesubventiounen am neie Joer verlängert? D'Regierung (CSV/DP), d'Gewerkschaften an d'Patronat kommen haut an der Tripartite zesumme fir doriwwer ze verhandelen. De Premier Luc Frieden (CSV) hat d'lescht Woch gesot, haut sollt gekläert ginn, wéi déi aktuell Mesurë géint d'Inflatioun verlängert ginn. Wann d'Regierung géif den Tankrabatt um Diesel an um Bensinn verlängeren, da géif se weisen, datt se net kapabel ass, Verantwortung fir d'Land z'iwwerhuelen, mengt de Jean-Claude Franck an engem Commentaire.

Steierreform: Wat kënnt op den Eenzelnen an d'Verwaltung duer? 29 Oct 2026

Mir schwätze mam Direkter vun der Steierverwaltung, Jean-Paul Olinger, doriwwer, wat fir seng Mataarbechter ännert a wéi d'Steiererklärung vum Joer 2028 un ausgesäit.

Working-poor: Arm trotz Vollzäitjob 29 Oct 2026

Lëtzebuerg ass ee vun de räichste Länner an Europa, mee eng Aarbecht schützt net automatesch virun Aarmut. D’Sandra schafft 40 Stonnen d’Woch an zitt hir Kanner eleng grouss. Loyer, Energie an aner fix Käschte loossen um Enn vum Mount kaum Spillraum. An der Reportage erzielt si, wou si am Alldag spuere muss – an hire Jong Max, wéi d’finanziell Situatioun seng Kandheet gepräägt huet.

Op der Sich no der Wourecht 28 Oct 2026

Hutt Dir Iech scho mol d’Fro gestallt wéi et ass, als Journalist ënner Zäitdrock en Artikel oder ee Bäitrag ze schreiwen an deem och all d’Fakte stëmmen? Am RTL Gebai um Kierchbierg kann ee genau dat ausprobéieren, an zwar an der interaktiver Expo "À la recherche de la vérité – Le journalisme et nous". Dora geet et drëm, ee Gefill fir den Ëmgang mat Informatioune ze kréien. Iwwert de Wee vu verschiddene Spiller an Aufgaben gëtt är Mediekompetenz gepréift a gewise wéi Falschinformatiounen verbreet, mee och erkannt kënne ginn.

Prisongsvisiteuren: Gespréicher géint eng sozial Isolatioun 28 Oct 2026

Zënter 20 Joer gi Leit wéi d’Maggy Dockendorf-Kemp an den Nico Hirsch vun der Association luxembourgeoise des visiteurs de prison (ALVP) an de Prisong, fir do mat Gefaangenen ze schwätzen.

Onsécherheet op der Feierbakterien Infoversammlung 28 Oct 2026

D’Stëmmung op der Informatiounsversammlung vum Ministère zu de Feierbakterien war allgemeng ugespaant. An och nodeems d’Experte vum Ministère vill erkläert haten, waren nach vill Froe vun den Awunner vun der betraffener Muselgéigend oppen. Op all d'Planzen, déi mat den Eeër vun den Zikade befall sinn, kënne fonnt ginn an d’Verbreedung sou gestoppt ka ginn, ass den Ament nach net kloer.

Konjunkturflash Oktober 2026 28 Oct 2026

De PIB zu Lëtzebuerg ass no eischten Aschätzungen am zweeten Trimester dëst Joer em 0,9 Prozent am Verglach mam éischten Trimester zréckgaangen, dat deelt de Statec am neie Konjunkturflash mat. De Konjunkturflash hat negativ a positiv Säiten. Negativ ass d’Previsioun, dass d’Käschte vun Energie, Technologie a Liewensmëttel klamme wäerten, positiv ass déi nei Bewäertung vum Wuesstem vun de leschten zwee Joer. De neie Berechnungen no, ass de Haussse vum PIB 2024 a 25 no uewe revidéiert ginn. 2024 vun 0,3 Prozent op 2,0 Prozent an 2025 vun 0,6 Prozent op 1,4 Prozent.

Woch vun der Demokratie: Nei Schülercomitéen an de Lycéeën 28 Oct 2026

An der École internationale Gaston Thorn kandidéiere méi wéi 20 Schüler fir déi 13 Plazen am Comité. Si wëllen ënner anerem méi Aktivitéiten organiséieren an d’Schülerinteresse besser vis-à-vis vun der Direktioun vertrieden. De Comité huet an de leschten zwee Joer ënner anerem e Gaart an e Jugendtreff matgestalt. Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) betount, datt d'Schüler Demokratie net nëmmen an der Theorie, mee och an der Praxis sollen erliewen.

Serbien no de Walen: Wou steet d’Studentebeweegung politesch? 27 Oct 2026

A Serbien huet e Sonndeg d’Studentebeweegung bei de Parlamentswalen eng absolut Majoritéit geholl. Virun zwee Joer ass d’Beweegung aus de Protester géint den autoritäre Regimm vum Aleksandar Vučić a seng rietspopulistesch Partei SNS entstanen. Bei de virgezunnene Walen e Sonndeg krut se bal 53 Prozent vun de Stëmmen a schéckt d’SNS, déi elo 14 Joer un der Muecht war, an d’Oppositioun. Mee wou steet d’Studentebeweegung politesch a wéi geet et am Land elo weider? A wéi steet d’Beweegung zur EU an zu de Russland-Sanktiounen?

De relationelle Benevolat stäerken 27 Oct 2026

D'Agence du Bénévolat probéiert Leit ze motivéieren, fir en Deel vun hirer Fräizäit mat Mënschen, déi wéineg soziale Kontakt hunn, ze deelen. Hire President Marc Thill ass Invité.

De Benevoll Henrik schenkt seng Zäit eelere Mënschen 27 Oct 2026

D'Agence du Bénévolat wëll de sougenannte relationelle Benevolat zu Lëtzebuerg ausbauen. Dobäi geet et drëm, Mënschen Zäit an Opmierksamkeet ze schenken an esou der Einsamkeet entgéintzewierken. D'Sophie Schroeder huet de Fräiwëllegen Henrik am Dagesfoyer vun Zithamobil begleet.

London: D'Oxford Street gëtt eng Foussgängerzon 27 Oct 2026

D‘Hallschent vun der Haaptakaafstrooss zu London ass elo fir den Trafic gespaart. Déi zweet Hallschent soll an den nächste Joren dobäi kommen. Explikatioune vun eiser Korrespondentin Claire Barthelemy vu London.

Serge Wilmes op der COP17: Wéi gesäit dem Minister säi Bilan aus? 27 Oct 2026

Am armeenesche Jerewan ass zënter dem 19. an nach bis den 30. Oktober déi 17. Biodiversitéitskonferenz COP17. 195 Staate plus d‘EU si vertrueden. Si sollen dofir suergen, datt an der Suite vun de Konferenzen zu Montreal, Cali a Roum déi 23 konkreet Ziler ëmgesat ginn, déi ee sech deemools virgeholl hat. Dozou gehéiert ënner anerem de Schutz fir 30 Prozent vun der globaler Surface bis d‘Joer 2030. Wärend zwee Deeg war och de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes op der Plaz.

Neien Ulaf fir iwwer d’Ofschaafe vun der Zäit-Ëmstellung ze diskutéieren? 26 Oct 2026

D'Auer gouf gedréint an net jiddweree freet sech doriwwer. D’Zäit-Ëmstellung ass europäesch gereegelt. Si sollt schonn emol ofgeschaaft ginn, dofir hat sech ënner anerem de Jean-Claude Juncker a senger Zäit als Kommissiounspresident agesat. Mee d’Debatt stécht zënter 2018 fest. Een, deen se nei un d'Rulle brénge wëllt, ass de Peter Liese, dee fir d’CDU am Europaparlament - hien huet ee Bréif un d’Transportministere geschriwwe mam Appell, et wier un der Zäit, sech nei unzestrengen, fir een Accord ze fannen. A mat him schwätze mir am Moiesstudio.

Nora Feyder: "Heldin" vun der Landwirtschaft 26 Oct 2026

Déi jonk Lëtzebuergerin krut deen Éierentitel zesumme mat 99 anere Bauerefraen aus aller Welt vun der FAO, der Welternährungs-Organisatioun vun der UNO.

Wéi ass de Ballon d’Or zum gréisste Präis am Weltfussball ginn? 26 Oct 2026

Kylian Mbappé, Lamine Yamal, Harry Kane oder awer vläit nees de Lionel Messi? Déi Fro wäert den Owend bei der 70. Präisiwwerreechung vum Ballon d’Or zu London beäntwert ginn. Mee wéi ass et eigentlech dozou komm, datt de Präis fir de beschte Fussballspiller, a mëttlerweil och Fussballspillerin, vun enger franséischer Sportzeitung zum prestigiéisten am Weltfussball ginn ass. De Jo Welfringer huet dat fir eis recherchéiert

Manifestatiounen a Frankräich 26 Oct 2026

Frankräich huet e weidere Weekend mat grousse Protester "contre la vie chère" an d'Regierung ëm de franséische President Macron hannert sech. Op d'mannst 410.000 Leit sinn am ganze Land op d'Strooss gaangen. Mee wat sinn d'Revendicatioune vun de Manifestanten, déi bei wäiten net méi just Schüler a Studente bestinn?

Lafe bis et net méi geet: Déi éischt Backyard-Course zu Lëtzebuerg 26 Oct 2026

Beim stiermesche Wierder de Weekend hu sech et vill Leit bestëmmt doheem gemittlech gemaach a mol net dru geduecht, e Fouss virun d’Dier ze setzen. Net awer eng 250 Leeferinnen a Leefer, déi de Weekend zu Käerch duerch de Bësch gelaf sinn, dat an der Nuecht bis an déi fréi Moiesstonnen eran an doriwwer eraus. Do huet nämlech speziell Lafcourse stattfonnt: Den éischte Backyard Trail hei am Land. Wat dat genee ass a wat et de Leeferinnen a Leefer alles ofverlaangt, dat war sech de Jo Diseviscourt ukucken.

Antibiotiquen: Konsum zu Lëtzebuerg méi héich wéi am EU-Duerchschnëtt 23 Oct 2026

Dat ass den Haapt-Constat an engem Rapport iwwer de Verbrauch vun Antibiotika, deen dës Woch erauskoum. Explikatioune vum Stéphanie Saleh aus der Direktioun vun der Santé.

Mat 1 PS duerch de Bësch 23 Oct 2026

Wann een dëser Deeg am Bësch ënnerwee ass, dann héiert ee manner d’Villercher päifen, mee éischter d’Geknadders vu Motorseeën – op ville Plaze sinn d’Bëschaarbechter amgaang mat schaffen. Deels mat schwéiere Maschinnen, deels awer och mat Hëllef vu Véierbeeneger: D’Ardennerpäerd ginn nees ëmmer méi dacks agesat, fir de Mënsch bei den Aarbechten am Bësch ze ënnerstëtzen. De Kompetenzzenter fir Schaffpäerd op der Robbesscheier zu Munzen suergt dofir, datt dat joerhonnertenaalt Wëssen iwwer d’Schaffe mat de Kalblidder virugi gëtt. Den Haaptresponsabele Charel Braquet huet d’Paule Rodesch op der Robbesscheier mat bei d’Päerd geholl, fir déi Aarbecht méi genee ze erklären.

Première zu Lëtzebuerg: D'Volleyballfederatioun féiert eng Fantasy Liga an 23 Oct 2026

Reell Spiller:inne virtuell kafen, opstellen an transferéieren: Esou funktionéiere Fantasy-Ligaen am Sport. Elo huet och e Lëtzebuerger Verband esou eppes op d'Bee gestallt. Mir hu bei der FLVB nogefrot, wat et mat där Iddi op sech huet, a wat ee sech vun der Fantasy-Liga erwaart.

D'Scholdfro bei Phishing-Virfäll soll gekläert ginn 23 Oct 2026

De Retail Banking Cluster vun der Bankenassociatioun ABBL huet gëschter op seng alljährlech Pressekonferenz invitéiert. An deem Cluster sëtzen déi Banken, déi am Geschäft mat de Privatclienten täteg sinn. Et goung bei deem Rendez-vous ënner anerem em Online-Bedruch a Logement.

Neit Gesetz suergt fir Opreegung 23 Oct 2026

Kuerz virun der Summervakanz huet d'Chamber dat neit Gesetz zur Missioun vum Fonds national de la Recherche gestëmmt. Mee d'Envergure vun dësem Text war villen Akteuren aus der Fuerschungswelt bis viru kuerzem guer net bewosst. Am Gespréich mam 100,7 weise sech eng ganz Partie Unis-Proffe schockéiert.

Filmtipp: "Franz" 22 Oct 2026

Der Agnieszka Holland hire Kafka-Biopic setzt sech mam historesche Personnage mee och der Ikon vun der Massekultur auserneen - et ass dem Michel Delage säin aktuelle Kinotipp.

40 Joer Initiativ Liewensufank: Et hu vill Tabuë misse gebrach ginn 22 Oct 2026

Zesumme mat der Direktesch vun der Initiativ, Maria Eudier, kucke mer op d'Geschicht vun der Asbl. zréck.

(Firwat) Léisst den Trump d'Ukrain falen? 22 Oct 2026

Den US-President gëtt an der Lescht ëmmer méi Russland- a Putin-frëndlech - zum Nodeel vun der Ukrain. De Prof. Stephan Bierling vun der Uni Regensburg gett méiglech Erklärungen.

AfD-Visioun fir d’EU: Just nach eng Optioun fir "Raus aus dem Euro" 22 Oct 2026

“A new Deal for Europe” - ënner deem engleschen Titel huet d’AfD an enger Pressekonferenz am Europaparlament zu Stroosbuerg hir Visioun fir d’Europäesch Unioun virgestallt. D’Partei, déi vum däitsche Verfassungsschutz als “geséchert rietsextreemistesch” agestuuft gëtt, geet dobäi net zëmperlech mat der EU ëm: Hiert Zil ass et ënner anerem, d’Europawahlen ofzeschafen an d’Roll vun der Europäesch Kommissioun staark ofzeschwächen. D’Danièle Weber doriwwer, wat sech d’AfD fir d’EU vu muer wënscht.

Polen depenaliséiert Avortement - a bestëmmte Fäll 22 Oct 2026

Dat polnescht Parlament huet dës Woch d'Depenaliséierung vum Avortement gestëmmt fir all déi Fäll, wou et beim Foetus staark gesondheetlech Schwieregkeete ginn. Fir Fraerechtler gëllt dëst als e grousse Fortschrëtt an engem vun den europäesche Länner mat de strengsten Anti-Ofdreiwungsbestëmmungen.

80 Joer MeteoLux: Alles huet mat enger klenger Hütt um Findel ugefaang 21 Oct 2026

Mir kucken zeréck op den Ursprong vum staatleche Wiederdéngscht.

Podcasts liés