National an international Noriichten
Mëttespanorama
Épisodes
1. Spektakulär Victoire fir d‘Demokrate bei de Midterms, déi kënne sech am House of Representatives an am Senat kloer duerchsetzen a kontrolléieren domadder de Kongress 2. Den Inflatiounstaux an der EU ass mat véier Prozent op den héchsten Taux zënter iwwer dräi Joer geklommen 3. Bei der EU Kommissioun zu Bréissel gëtt haut iwwer Zukunft vun der Ukrain verhandelt. Dat bei Gespréicher mat Vertrieder aus der Ukrain, USA, Däitschland, Frankräich an der NATO. 4. De Grupp Ahold Delhaize huet duerch déi rezent Cyberattacken op seng Geschäfter an der Belsch, Holland an den USA bis zu 250 Milliounen Euro un Ëmsaz verluer. 5. Am Alter vu 95 Joer ass den däitsche Schrëftsteller a Kënschtler Janosch verscheet. Hien ass virun allem duerch seng Kannerbicher "Oh wie schön ist Panama" an d‘Figur vun der Tigerente bekannt ginn.
1. US-Kongresswalen: Demokrate gewanne Majoritéit am Representantenshaus an am Senat (Projektiounen), domat verléieren d‘Republikaner d‘Kontroll vum Kongress 2. Donald Trump: De President seet, hie géif d‘Walresultat akzeptéieren a wéilt mat den Demokraten zesummeschaffen 3. Spuenien: Transportminister ass zeréckgetrueden, sechs Deeg nom Zuchaccident mat 69 Doudegen 4. Grönland: Parlament huet Sécherheetsaccord mat den USA ugeholl 5. Fussball Championsleague: Victoirë fir ënner anerm Bayern München a Manchester United
1. US-Kongresswalen: Demokrate gewanne Majoritéit am Representantenshaus an am Senat (Projektiounen), domat verléieren d‘Republikaner d‘Kontroll vum Kongress 2. Donald Trump: De President seet hie géif d‘Walresultat akzeptéieren a wéilt mat den Demokraten zesummeschaffen 3. Spuenien: Transportminister ass zeréckgetrueden, sechs Deeg nom Zuchaccident mat 69 Doudegen 4. Grönland: Parlament huet Sécherheetsaccord mat den USA ugeholl 5. Fussball Championsleague: Victoirë fir ënner anerm Bayern München a Manchester United
1. Zu Bréissel manifestéieren nom de Bëschbränn am Summer Honnerte vu Pompjeeën 2. KI-Chatbots kéinte géint d'Droits d'auteure verstoussen, esou eng Expertis vum EUGH 3. D'Präisser vum Bensinn, Diesel a Mazout ginn erof
1. D'Lëtzebuerger Journalistenassociatioun ALJP schléisst weider juristesch Schrëtt an der Affär ronderëm d’Journalistin Véronique Poujol net aus 2. De Mediateur de la Santé fuerdert en Entschiedegungsfong fir medezinesch Accidenter 3. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenkyj gëtt haut an der däitscher Haaptstad Berlin erwaart 4. Am Zentrum vu Madrid huet d‘Police e Protestcamp géint d‘Logementskris geraumt 5. Schock a Spuenien: Fussballspiller stierft no brutalem Foul
1. US-Kongresswalen: Demokrate kéinte Majoritéit vu Republikaner gewannen 2. Ukrain: 26 Doudeger bei russescher Attack op Hëllefszenter 3. Iran: USA bombardéieren iranesch Insel am Hormus Passage 4. Belsch: Kinnek sicht no Wee aus der politescher Kris
1. US-Kongresswalen: Demokrate kéinte Majoritéit vu Republikaner gewannen 2. Maison-médicallen: Et ass keng méi am Oste virgesinn, esou d‘Gesondheetsministerin 3. Ukrain: 26 Doudeger bei russescher Attack op Hëllefszenter 4. Iran: USA bombardéieren iranesch Insel am Hormus Passage 5. Belsch: Kinnek sicht no Wee aus der politescher Kris
1. Presuméierte Cyberugrëff op Frigoen a Killtruen an enger Parti EU-Staaten – och zu Lëtzebuerg. A 4 Geschäfter vun Delhaize gouf et een informatesche Virfall. 2. Den Oktober war hei méi naass a liicht méi waarm wéi déi Jore virdrun – de Reen-Defizit aus de leschte Méint ass doduerch awer net ausgeglach. 3. Déi nei maison médicale zu Ettelbréck geet den Owend op. 4. Wéi geet et weider an der Belsch? De Premier Bart de Wever huet dem Kinnek säi Récktrëtt ugebueden – de Kinnek Philippe huet awer nach keng Decisioun geholl.
1. Regierungskris Belsch: de Premier Bart de Wever huet dem Kinnek säi Récktrëtt ugebueden 2. Fraude bei der Gemeng Déifferdeng: Buergermeeschter Guy Altmeisch denkt net u Récktrëtt 3. Nei Maison médicale zu Ettelbréck geet den Owend op 4. Shortlëschte fir Lëtzebuerger Musekspräis sinn eraus 5. Nodeems d‘Wafferou ausgelaf ass: Russland attackéiert nees d‘Stad Oleschky an der Regioun Cherson
1. Temmels: Däitsch Gemeng wëllt géint Ausbau vun Tanklager zu Mäertert virgoen 2. Ukrain a Russland: Offiziell Warn-Appe goufe gehackt, falsch Warnunge goufen un d‘Populatioun geschéckt 3. Reporter ouni Grenzen: Den Donald Trump ass fir d‘éischte Kéier op der Lëscht vun de "Feinde vun der Pressefräiheet“ 4. Berlin: Optakt vu Koalitiounsverhandlunge fir rout-rout-gréng Regierung 5. Formel 1: Kimi Antonelli gouf mat 20 Joer de jéngste Formel-1-Weltmeeschter jeemols
1. Temmels: Däitsch Gemeng wëllt géint Ausbau vun Tanklager zu Mäertert virgoen 2. Ukrain a Russland: Offiziell Warn-Appe goufe gehackt, falsch Warnunge goufen un d‘Populatioun geschéckt 3. Reporter ouni Grenzen: Den Donald Trump ass fir d‘éischte Kéier op der Lëscht vun de "Feinde vun der Pressefräiheet“ 4. Berlin: Optakt vu Koalitiounsverhandlunge fir rout-rout-gréng Regierung 5. Formel 1: Kimi Antonelli gouf mat 20 Joer de jéngste Formel-1-Weltmeeschter jeemols
1. Protestdach a Frankräich an Däitschland war relativ roueg 2. Iran warnt d'USA virun neien Attacken 3. No Hackerattack: Binance huet Servicer erëm fräi geschalt.
1. CFL schaffen op dräi Eisebunnsstrecke wärend der Allerhellegevakanz 2. Frankräich: 320.000 Persoune manifestéiere géint Präisdeierecht 3. Däitschland: Protester an 30 Stied vu Jonker wéinst héije Liewenskäschten 4. Accord op der UNO-Konferenz Biodiversitéit zu Eriwan an Armenien 5. Polen: Eskalatioun wéinst Ofsetze vu Verfassungsgeriichtspresident
1. SNCT: Datë vu 50 Clientë geleakt 2. Protester a Frankräich an Däitschland 3. USA verkafen der Ukrain 500 Patriot Ofwierrakéite fir 2,1 Mia €
1. Dateleak bei der SNCT 2. Grouss Nervositéit a Frankräich wéinst neie Manifestatiounen haut 3. Polen: Sträit ëm d'Verfassungsgeriicht spëtzt sech zou
1. Dateleak bei der SNCT 2. Léon Gloden nennt Mobbing-Virfäll beim CGDIS inakzeptabel 3. Bommeleeër: Parquet fuerdert 5 Joer Prisong fir Gendarmerie-Responsabel
1. De Wuesstem an der Eurozon ass am drëtten Trimester mat 0,4 Proznet liicht ofgebremst ginn, trotzdem läit en iwwert den allgemengen Erwardungen. 2. De Lëtzebuerger Tankrabatt leeft den 28. Februar 2027 definitiv aus: dat huet de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles (DP) de Moien am 100,7-Interview confirméiert. 3. Eestëmmeg huet sech de Gemengerot Gréiwemaacher e Freideg de Moie géint de geplangten Ausbau vun den Tanklageren am Hafe vu Mäertert gestallt. 4. An der ukrainescher Stat Olechky déi vun de Russen besat ass huet d‘Evakuatioun vun der Populatioun haut ugefangen,
1. Vill Reaktiounen op d'Tripartite-Moossnamen 2. Chamber verlängert finanziell Hëllefe fir Kaf vun Elektrogefierer 3. Nei Mobilisatioun muer: Grouss Nervositéit a Frankräich
1. Vill Reaktiounen op d'Tripartite-Moossnamen 2. Chamber verlängert finanziell Hëllefe fir Kaf vun Elektrogefierer 3. Nei Mobilisatioun muer: grouss Nervositéit a Frankräich
1. Tripartite: Tankrabatt gëtt ëm zwee Méint verlängert, aner Energiemesurë bis Enn 2027 2. D’Chamber huet haut unanime fir d’Schafe vun enger Lëtzebuerger Agence fir Medikamenter a Gesondheetsproduite gestëmmt 3. Nom Zuchaccident a Spuenien si fënnef weider Läiche gebuerge ginn, domat ass d‘Zuel vun den Doudegen op 74 geklommen 4. Zu Montreal fänkt den Owend den EU-Kanada-Sommet un 5. EZB ännert näischt un de Leetzënsen, Presidentin Lagarde trëtt virzäiteg zréck
1. OGBL an LCGB hunn am comité de suivi vun der Tripartite proposéiert, Bensinn an Diesel am neie Joer net virun ze subventionéieren: amplaz soll et e Crédit d’impôt mobilité ginn, 2. Géint de fréiere President vum “Centre de documentation sur les migrations humaines” vun Diddeléng soll eng Prisongsstrof vun 9 Méint mat Sursis an eng Geldstrof vun 2.500 € gesprach ginn, 3. D‘Präsidentin vun der Europäescher Zentralbank Christine Lagarde wäert hire posten den 7. Februar vum nächste Joer op ginn, dat ass ronn 9 Méint éier hiert Mandat ofleeft. 4. Een Dag nom Zuchaccident a Spuenien mat 69 Doudegen leeft d‘enquete op Héichtouren.
1. Reunioun vum Comité de suivi tripartite haut 2. Chamberdebatt iwwer Deklaratioun vum Xavier Bettel 3. Israel: Patt-Situatioun no de Walen
1. Reunioun vum Comité de suivi tripartite haut 2. Chamberdebatt iwwer Deklaratioun vum Xavier Bettel 3. Israel: Patt-Situatioun no de Walen
1. Den 1. Januar 2028 trëtt d‘Steierreform, déi just nach eng eenzeg Steierklass virgesäit a Kraaft 2. Uganks Dezember soll e Gesetzestext iwwer d’Plattformaarbecht op den Instanzewee kommen 3. 400.000 Euro-Bedruch Déifferdeng: d‘Oppositioun fuerdert de Récktrëtt vum LSAP-CSV-Schäfferot 4. Zuchaccident a Spuenien: 68 Doudeger an iwwer 100 Blesséierter 5. Parlamentswalen Israel: kee vun de grousse Bléck kritt eng Majoritéit
1. Op mannst 30 Doudeger no enger Kollisioun vun zwee Schnellzich a Spuenien 2. An der Chamber geet zneter de moien iwwer d‘Steierrefrom debattéiert, déi geséit jo ënner anerem just ach neg eenzeg Steierklass vir. 3. An Israel läit d‘Likud Partei vum Premier Benjamin Netanjahu vir, nodeems zwee Drëttel vun de Stëmmen ausgezielt goufen kritt awer keen di néideg Majoritéit. 4. De Flávio Bolsonaro ass no senger Néierlag bei der Presidentewal trotz engem Ausreesverbuet an d‘USA geflücht. D‘Iewescht Geriicht hat dem riets-extreme Politiker wéinst Korruptiounsermëttlunge verbueden, d‘Land ze verloossen a verlaangt, dass hie säi Pass ofgëtt.
1. Israel: Kee klore Gewënner bis elo, Likud Partei vum Netanyahu bleift stäerkste Kraaft, mee Regierungskoalitioun verléiert Majoritéit 2. Kollektiv Logementskris: Rifft zu nationaler Manifestatioun op 3. Flávio Bolsonaro: Ass an d‘USA geflücht
1. Israel Parlamentswal: Kee klore Gewënner bis elo, Likud Partei vum Netanyahu bleift stäerkste Kraaft, mee Regierungskoalitioun verléiert Majoritéit 2. Kollektiv Logementskris: Rifft zu nationaler Manifestatioun op 3. Flávio Bolsonaro: Ass an d‘USA geflücht
1. Aussepolitesch Deklaratioun: Xavier Bettel kritiséiert israelesch Siidlungspolitik 2. EU-Grenz-Agence Frontex soll ausgebaut ginn 3. Generalist Waël Naeseh aus der Stad däerf net méi als Dokter zu Lëtzebuerg praktizéieren
1. D‘Bauerenzentral kritiséiert, datt d‘Baueren nach keen Cent vun de staatlechen Hëllefe kritt hunn 2. Untersuchungsprisong Uerschterhaff: Aus Plazmangel schlofe Prisonéier op Matrassen um Buedem 3. COP17: Den Ëmweltminister Serge Wilmes ass zu Jerewan an Armenien 4. Walen Israel: Héchste Walparticipatioun zënter 1981 5. Boykott wéinst Israel: Holland ass d‘nächst Joer net beim ESC dobäi
1. Logementskris: 13 Jugendorganisatioune wëllen de Mëtteg virun der Chamber manifestéieren 2. NEOS: Bau vu neiem Space Campus op der Kockelscheier lancéiert 3. Bommeleeër: Appelprozess vum zweete Bommeleeër-Prozess fänkt un 4. Israel: Eischt Parlamentswal zënter den Terrorattacke vun der Hamas vum 7. Oktober 2023 5. Fussball: Ballon d‘Or fir d‘Spuenerin Alexia Putellas an den Englänner Harry Kane
1. Logementskris: 13 Jugendorganisatioune wëllen de Mëtteg virun der Chamber manifestéieren 2. NEOS: Bau vu neiem Space Campus op der Kockelscheier lancéiert 3. Bommeleeër: Appelprozess vum zweete Bommeleeër-Prozess fänkt un 4. Israel: Eischt Parlamentswal zënter den Terrorattacke vun der Hamas vum 7. Oktober 2023 5. Fussball: Ballon d‘Or fir d‘Spuenerin Alexia Putellas an den Englänner Harry Kane
1. Zwee Deeg virum Vott an der Chamber hunn d‘LSAP an d‘DP haut ganz ënnerschiddlech Vueën zu der Steierreform presentéiert. 2. Dem nationalen Informatiouns- an Technologie-Zentrum seng Presentatioun an der Chamber zum elektronesche Vott huet bei den Deputéiert zum Deel fir Bedenke gesuergt. 3. D‘Regierung zu Paräis hat no de wochelaange Studentemobilisatioune konkret Léisunge versprach: no enger Reunioun mam Premier Sebastien Lecornu de Mëtteg hunn Influenzer elo éischt Mesuren op soziale Medien annoncéiert.
1. D‘DP mécht Reklamm fir d‘Steierreform: 85% vun de Leit Interêt hätten, an déi nei Steierklass ze wiesselen 2. Lëtzebuerger Energiekommissär: d‘Mesuren, déi am Juni an der Tripartite decidéiert gi waren, hätten hir Ziler erreecht 3. Den Ëmweltminister Serge Wilmes ass haut a mar op der Biodiversitéits-Konferenz vun der UNO zu Eriwan an Armenien 4. Eng Impakt-Analys iwwert d’Zäit-Ëmstellung an der EU kéint eng nei Dynamik an d’Diskussioun bréngen 5. Protester Frankräich: Premier Lecornu empfänkt Schüler a Studenten, de President Macron mécht eng Iwwerraschungsvisitt zu Marseille
1. Brasilien: Lula da Silva wënnt Presidentewal, Flavio Bolsonaro erkennt d‘Resultat net un 2. Serbien: Studentelëscht wënnt virgezunne Parlamentswal 3. Energiekommissär: Staatlech Subventiounen op fossillen Energië kéinte negativen Auswierkungen op d’Energieversuergung an d’Ofhängegkeet vum Ausland hunn 4. Frankräich: Premier empfänkt Lyceés- a Studenten-Organisatiounen 5. Venezuela: Oppositiounscheffin María Machado ass zréck am Land
1. Brasilien: Lula da Silva wënnt Presidentewal, Flavio Bolsonaro erkennt d‘Resultat net un 2. Serbien: Studentelëscht wënnt virgezunne Parlamentswal 3. Energiekommissär: Staatlech Subventiounen op fossillen Energië kéinte negativ Auswierkungen op d’Energieversuergung an d’Ofhängegkeet vum Ausland hunn 4. Frankräich: Premier empfänkt Lyceés- a Studenten-Organisatiounen 5. Venezulea: Oppositiounscheffin María Machado ass zréck am Land
1. Brasilien: Lula da Silva wënnt Presidentewal, Flavio Bolsonaro erkennt d‘Resultat net un 2. Serbien: Studentelëscht wënnt virgezunne Parlamentswal 3. Energiekommissär: Staatlech Subventiounen op fossillen Energië kéinte negativ Auswierkungen op d’Energieversuergung an d’Ofhängegkeet vum Ausland hunn 4. Frankräich: Premier empfänkt Lyceés- a Studenten-Organisatiounen 5. Venezulea: Oppositiounscheffin María Machado ass zeréck am Land
1. D’Manifestatiounen, gëschter, a Frankräich si wäit méi roueg verlaf wéi déi vun der viregter Woch, och wann et plazeweis nees zu Gewalt koum. Et koum dann och uechtert d’Land zu engen 1.000 Interpellatiounen. 2. Bulgarien wielt haut en neie President a Serbien en neit Parlament. No ville Protester géint de serbesche President Vucic wëll deen elo Premier ginn, mä d’Protestbewegung vun de Studente kéint seng Muecht op en Enn bréngen. 3. D’Etzella gewënnt am nationale Fussball iwwerraschend géint de Progrès, Déifferdéng am europäeschen Hären-Handball a Slowenien an d’Fiels am nationale Basket d’Spëtzepartie géint d’Sparta: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport.
1. Op Esch-Belval ass gëschter Owend dat neit Gebai vun den Nationalarchiven ageweit ginn. An de Bau vu 77 Milliounen € soll bis d’Enn vum Joer alles dat erageplënnert sinn, wat u wichtege statlechen Dokumenter muss erhale ginn. 2. Frankräich preparéiert sech op déi nächst Samsdes-Manifestatiounen. De Premier Sébastien Lecornu warnt virun der radikaler Gauche a Kriminellen a wëll d’Märrei vu Limoges, déi d’lescht Woch verbrannt war, identesch nees opbauen. 3. Am europäesche Fussball gouf et gëschter Owend Victoirë fir Gladbach an der Bundesliga a fir Nice an der Ligue 1, den Owend spillt heiheem d’Etzella géint de Progrès, an Esch an Déifferdéng sinn am europäeschen Hären-Handball op Island an a Slowenien ënnerwee.
1. Esch: Gemeng huet als éischt eng Steier op eidele Wunnengen decidéiert 2. Groussregioun: Absichtserklärung fir grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht bei Bëschbränn ënnerschriwwen 3. LuxDefence: Treffen tëscht US a Lëtzebuerger Verdeedegungsfirmen 4. Yvelines: Mann erschéisst eng Persoun aus Auto, et war eng terroristesch Attack, seet den Inneminister 5. Frankräich: 70.000 Polizisten a Gendaarme fir d‘Manifestatioune muer am Asaz
1. De Luc Marteling soll neine Direkter vum center national de l‘audiovisuel ginn, he war fir d‘lescht Directuer de l‘information bei RTL 2. Uganks der Woch ass et an de Lëtzebuerger Lycée’en zu enger ganzer Partie Phishing-Tentative komm. An dëse Phishing-Noriichten, déi iwwer Mail verschéckt gi sinn, wieren d’Schüler opgefuerdert ginn, op e Link ze klicken. 3. Bei enger Schéisserei op oppener Strooss zu Paräis ass eng persoun ëm d'Liewe komm 4.. D'Lëtzebuerger Fussballfederatioun wëll fir méi Verbindlechkeet bei der Ausbildung vu jonken Talenter suergen. Et wëllt een, datt jonk Spiller mat Potential spéider och fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp spillen – an net direkt an d’Ausland ginn. Dat huet de FLF-President Paul Philipp de Moien als Invité vum Dag bei eis op der Antenn betount.
1. Prix Marcel Duchamp fir Kënschtlerduo Brognon-Rollin 2. Enquête iwwer interne Bedruch bei der Spuerkeess 3. Avant-Projet détaillé iwwer d'Südspidol ass fäerdeg
1. Prix Marcel Duchamp fir Kënschtlerduo Brognon-Rollin 2. Enquête iwwer interne Bedruch bei der Spuerkeess 3. Avant-Projet détaillé iwwer d'Südspidol ass fäerdeg
1. Um Verwaltungsgeriicht gouf sech de Moien, am Kontext vum geplangte Google-Datazenter zu Biissen, mat engem Recours vum Mouvement écologique befaasst. Et geet ëm Informatiounszougang 2. D‘Gesondheetsministesch Martine Deprez wëll mat strukturelle Reforme déi laangfristeg Finanzéierung vun der Gesondheetskeess ofsécheren. An dem Kader géifen Aarbechtsgruppen ulafe fir de legale Kader an deenen nächste Joren ze analyséieren. 3. Den neie Bankekollektivvertrag soll idealerweis op een Neits fir dräi Joer laang gëllen: dat huet den Nach-ABBL-Generaldirekter Jerry Grbic de Moien op Nofro hinn an Aussicht gestallt. 4. Den ukraineschen President Volodymyr Selsenksyj ass, eegnene Aussoen no, d‘Accord dass di aktuelle Line vun der Front agefruhr gëtt, an dass domat de Krich op en Enn geet
1. Quadripartite: d'Cotisatioune kéinten erop goen 2. Lëtzebuerg ass vun de Problemer bei der Programméiersprooch PHP concernéiert 3. Tilly Metz als Vizepresidentin fir d'EP nominéiert
1. Quadripartite: d'Cotisatioune kéinten erop goen 2. Lëtzebuerg ass vun de Problemer bei der Programméiersprooch PHP concernéiert 3. Tilly Metz als Vizepresidentin fir d'EP nominéiert
1. Quadripartite: et musse Sue bei der Gesondheetskeess gespuert ginn, dofir mussen eventuell d‘Cotisatioune gehéicht ginn 2. Audit Immigratiounsaffär: keen Alerte-Mechanismus an ze héich Aarbechtslaascht an der Direction générale de l‘immigration 3. Weltwäit Probleemer bei Programméiersprooch PHP, och Lëtzebuerger Websäiten an IT-Systemer kéinte betraff sinn 4. Wéinst dem Verdacht op Aarbechtsrechtsverletzunge bei Amazon lafen den Ament aacht Plainte bei der ITM 5. Moskau ass bereet, fir en Dräiertreffe mat Kiew a Washington Mëtt November
1. Eng Petitioun fir obligatoresch Lëtzebuergesch ze léiere wann ee laangfristeg hei am Land wunnt oder schafft soll an der Chamber weider diskutéiert ginn – an zwar a Form vun enger Motioun. Dat sot d’ Presidentin vun der Petitiouns-Kommissioun, d’LSAP Politikerin Francine Closener de Moien no dem Debat public. 2. No de Gespréicher vum Comité de Suivi vun der Tripartite wieren sech d’Regierung an d’Sozialpartner eens, datt ee weider Mesurë géif brauchen. Dat sot d’OGBL Presidentin Nora back haut e Moien. 3. D‘Äerd steiert der UNO no op eng Erwäermung vun 2,8 Grad bis d‘Enn vum Joerhonnert hin. Dat ass wäit iwwert dem Zil vun annerhalwwem Grad am Paräisser Klimaaccord vun 2015. Dat steet am neisten UN-Klimarapport. 4. Zu Lëtzebuerg klëmmt den Antibiotika -Verbrauch zënter 2021, 2024 lung de Verbrauch däitlech iwwer der europäescher Moyenne. Dat geet aus dem Joresrapport zum Antibiotika Verbrauch 2024 ervir. 5. Den amerikanesche Speizal Emissär Steve Wikoff ass zu Sankt Petersburg ukomm. Hie soll do de russesche President Wladimir Putin begéinen, fir Gespréicher iwwert en Enn vum russesche Krich géint d‘Ukrain.
1. Tripartite: Energie-Hëllefe gi verlängert, sou de Premier, op wéi eng Aart a Weis soll d‘nächst Woch bei weider Reunioun beschwat ginn 2. Quadripartite: Ausgläiche vum Defizit bei der Gesondheetskeess ass Haapttheema 3. Meurthe-et-Moselle: Militärfliger erofgefall, sou fanséisch Medien 4. Russland: US Emissär Steve Witkoff soll russesche President Wladimir Putin begéinen 5. Cyclocross: Marie Schreiber wënn Nuets-Cross zu Woerden an Holland
1. E Kardiolog kënnt no senger Interpellatioun an Untersuchungshaft, nodeems d’Gesondheetskeess beim Parquet eng Plainte agereecht huet. Dem Mann ginn eng Rëtsch Gesetzverstéiss virgehäit. 2. Frankräich wäert besser op déi nächst Manifestatioune vun e Samsde preparéiert sinn, seet de Premier Sébastien Lecornu. D’Assemblée nationale ass sech iwwerdeems eens doriwwer, eng Enquêtekommissioun anzesetzen. 3. An der Champions League am europäesche Fussball fänkt haut den 3. Spilldag an der Ligaphas un. Dobäi kéint bei der Partie FK Sabah géint Borussia Dortmund ënner Ëmstänn de jonke Lëtzebuerger Enzo dos Santos zum Asaz kommen.