RTL - Kloertext fir ze lauschteren cover

RTL - Kloertext fir ze lauschteren

RTL Télé Lëtzebuerg

D'Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.

D'Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.

25 Joer Télévie, 16/04/2026

0:00 0:00

Épisodes

25 Joer Télévie, 16/04/2026 16 Apr 2026

Nieft Temoignagë gëtt op d’Kriibsfuerschung zeréckgekuckt an dorop, wat alles erreecht gouf a punkto Behandlungen, Heelungen, an och Klinicken

Mindestloun, Inflatioun an Index: Wéi bezuelen?, 26/03/2026 26 Mar 2026

Neie Minister, al Problemer: De Sozialdialog ass nees um 0-Punkt! Riskéiert Schwaarz-Blo de Clash mat de Syndikater, kënnt et zu neie Streikaktiounen?

Logement: Noutstand zu Lëtzebuerg?, 12/03/2026 12 Mar 2026

D’Regierung muss offiziell d'Kris am Logement deklaréieren, sou d’Fuerderung vun enger Plattform, déi sech virop géint Aarmut asetzt

Ass d’Schoul haut scho fit fir d’Zukunft?, 26/02/2026 26 Feb 2026

Ons Aart a Weis ze enseignéieren ass iwwerlieft, si entspriecht net den Erausfuerderunge vun onser Gesellschaft, seet d’Schülervertriedung

Méi Gewalt: Gefillt oder Realitéit?, 12/02/2026 12 Feb 2026

Gewalt ass e schwieregt Theema, och politesch, well ee mat der Angscht liicht spille kann.

Perspektive fir Wirtschaft an Aarbechtsmaart: tëscht Geopolitik a KI, 29/01/2026 29 Jan 2026

Am Kader vun de geopolitesche Spannungen uechter d'Welt muss d'EU seng Kooperatiounen iwwerdenken. “Nostalgie ass keng Strategie”, sou de kanadesche Premier zu Davos, wa Groussmuechten d’Ekonomie als Waff asetzen, misst ee sech wieren an zesummendoen. Mat wiem? Nei Handelsaccorde si fir d’EU dacks Schwéiergebuerten. A wéi kënne si d’Ofhängegkeete vu China an den USA reduzéieren? Wat sinn d’Perspektive fir eng kleng oppe Wirtschaft wéi eis, déi manner wiisst? Erliewe mir grad eng Transitioun oder en Ëmbroch, net just geopolitesch, mee och technologesch duerch KI? Wéi musse Betriber, de Staat an all eenzelen domat ëmgoen?

Nei Weltuerdnung: Dee Staarke wënnt an d’EU e Vull fir d’Kaz?, 15/01/2026 15 Jan 2026

"Ech wëll dat, ech braucht dat an ech huele mir, wat ech wëll." Méi komplizéiert schéngt d’Weltbild vum Donald Trump net ze sinn. Ass d’EU just nach e Vull fir d’Kaz tëscht den USA, China a Russland, déi sech d’Welt ënnereneen opdeelen? Wat fir Méiglechkeeten hunn d’Europäer a wat bedeit eng Weltuerdnung vum Recht vum Staarke fir kleng Länner wéi eist?

Den traditionellen Neijoerschinterview mam Premier Luc Frieden, 01/01/2026 01 Jan 2026

Wat waren d'Erausfuerderungen a wéi wëll d'Regierung 2026 hir Prioritéite setzen? D'Caroline Mart kuckt mam Premier zréck op 2025 an no vir op 2026.

"Ouni Rechtsstaat an Europa si mir e Vull fir d’Kaz!", 18/12/2025 18 Dec 2025

Fir den Ofschloss vum Joer maache mir am Kloertext de Réckbléck vun der grousser nationaler an internationaler politescher Aktualitéit. De Kloertext mam Jean-Claude Juncker a Jean Asselborn

Kommerzialiséiert Medezin: Pervers Entwécklung oder am Sënn vum Patient?, 04/12/2025 04 Dec 2025

Kommerzialiséiert Medezin: Pervers Entwécklung oder am Sënn vum Patient?

Si Wirtschaft, Mënscherechter a Klima kompatibel?, 20/11/2025 20 Nov 2025

CSV an DP schwätze vu Pragmatismus, LSAP an déi Gréng vu Verwässerung.

Duerch den Doud fir d'Liewe léieren, 06/11/2025 06 Nov 2025

E ka stënterlech kommen, ouni Virwarnung, ouni Logik scho ganz jonk, oder no laangem erfëllte Liewen: den Doud.

Dronen, KI a Cyberattacken: en neie Krich?, 23/10/2025 23 Oct 2025

Gëllt just nach d’Recht vum méi Staarken? Wat brauch et u Personal a Material? Sinn Dronen déi nei Wonnerwaff? Jo, nee, dach an awer net – déi lescht Deeg war et e grousst Hin an Hier, ob et zu enger Entrevue Trump-Putin kënnt. Lo huet den US-President erkläert, dass d’Gespréicher mam Kreml-Chef zwar ëmmer gutt wieren, awer néirens hiféieren, an d’USA hu Sanktioune géint russesch Pëtrolsfirmaen decidéiert.

Déi Jonk: Ons Zukunft, mee net op si gelauschtert?, 09/10/2025 09 Oct 2025

D'Erausfuerderunge vu muer an den Ëmgang vun deene Jonke mat dëse sinn Thema an dëser Editioun vum Kloertext.

Avortement an d’Verfassung: jo oder nee?, 25/09/2025 25 Sep 2025

Déi aktuell Diskussioun ass net pro oder kontra Ofdreiwung, well dat an engem Gesetz verankert ass, mä ob dëst och an d'Verfassung opgeholl soll ginn. Soll den Avortement an d'Verfassung stoe kommen? A wa jo wéi? Als Recht oder als Fräiheet vun der Fra? Ëm déi Froen goung et am Kloertext op der Tëlee. Aktuell läit jo eng Gesetzpropos vun déi Lénk um Dësch, fir op dee Wee ze goen, ma net jiddereen hält dat fir néideg.

Sozialdialog: Kou vum Äis oder nach alles op?, 10/07/2025 10 Jul 2025

De Punkt geet un d’Gewerkschaften, mee de Match ass net gelaf an et ass net kloer, ob Hallefzäit ass an nächste Méindeg ofgeschloss oder verlängert gëtt.

Informatioun sichen, Desinformatioun fannen?, 03/07/2025 03 Jul 2025

Den Internet, e weltwäit Netz fir jiddereen! Mee Algorithme maachen eisen Horizont méi kleng, dofir gëtt den Toun méi rau. Haass an Angscht gi verstäerkt.

Zolidd Verloschter am Politmonitor: Bleift Schwaarz-Blo op Kurs?, 19/06/2025 19 Jun 2025

Sondagë gi rof a dann nees rop, soten CSV-Politiker no onsem neiste Politmonitor. Kee Problem also?

Milliarde fir d’Defense: ouni Diskussioun?, 05/06/2025 05 Jun 2025

Mécht dat Sënn? Wouhier d'Suen huelen? Geet et net awer op Käschte vu Sozialem? Wouranner ka Lëtzebuerg iwwerhaapt investéieren?

Méi laang schaffen, méi fir d’Defense: Lëtzebuerg stäerken?, 22/05/2025 22 May 2025

Et diskutéieren d’Fraktiounspresidenten a Spriecher vun alle Parteien aus der Chamber iwwert déi grouss Themen vun der Ried zu Lag vun der Natioun. Et gëtt awer geschwat iwwer déi Saachen, iwwer déi de Premier wéineg oder guer näischt sot. Et geet och ëm de Stil an d’Approche vum Luc Frieden.

Télévie: Wat deet sech an der Kriibsfuerschung? Wat bedeit d'Diagnos Kriibs?, 24/04/2025 24 Apr 2025

Kriibs ass d’Doudesursaach Nummer 1 zu Lëtzebuerg, nach virun Häerz-Kreeslafkränkten.

Rentendebatt II: Sinn déi Jonk an d'Fraen d'Verléierer an der Pensiounsfro?, 10/04/2025 10 Apr 2025

Nodeem Enn Mäerz d'Politik d'Pensiounsdebatt am Kloertext gefouert huet, waren dës Kéier d'Sozialpartner a Vertrieder aus der Gesellschaft invitéiert.

Rentendebatt: "Näischt maachen ass keng Optioun", sou Ministesch Martine Deprez, 27/03/2025 27 Mar 2025

Mir mussen eise Pensiounssystem méi nohalteg ofsécheren: doriwwer si sech all Parteien eens, just iwwert de Wee dohinner net.

Nei Welt(on)uerdnung: Milliarde fir d'Defense, 12/03/2025 12 Mar 2025

Mir mussen ons Verdeedegung selwer an d’Hand huelen. D’EU ass sech eens, de Schock, dass Trump-Amerika sech op d'Säite vum Putin stellt, sëtzt déif.

Nei Weltuerdnung: d’Recht vum Stäerksten?, 27/02/2025 27 Feb 2025

Sinn d’USA och um Wee zréck an den Imperialismus? Wei staark ass d’EU? A wéi fragil sinn eis Demokatrien, och mam Bléck op de Rietsruck an Europa?

Gesondheetssystem: Ze deier an net effikass - Wéi eng Reforme sinn néideg?, 13/02/2025 13 Feb 2025

Den Observatoire National de la Santé huet eng éischt wëssenschaftlech Analys no europäesche Standarde gemaach. An do dat Resultat dobäi eraus.

Kris: Butteker a Restaurante stierwen, 30/01/2025 30 Jan 2025

Ass d'Gastronomie zu Lëtzebuerg an der Kris? A gëtt Iesse goen ëmmer méi e Luxus?

Trump & Musk: eng Gefor fir ons Demokratien?, 16/01/2025 16 Jan 2025

Wéi vill Muecht dierfen nëmmen e Grappvoll Mënschen hunn? A senger Abschidsried huet den Joe Biden virum "tech-industrielle Komplex" gewarnt, virun enger Oligarchie mat extrem vill Räichtum, Muecht an Afloss, déi d’US-Demokratie an hir Grondrechter menacéiert - ouni den Numm Elon Musk ze nennen - geet et virop ëm de räichste Mann vun der Welt, dee quasi am Duo mam Donald Trump an d’Wäisst Haus wäert plënneren.

1 Joer Schwaarz-Blo : Gutt geschafft, Versprieche gehalen?, 05/12/2024 05 Dec 2024

Vertrieder vun alle Parteien aus der Chamber diskutéieren dat Thema am Kloertext

Et ginn ëmmer méi Fäll vun haislecher Gewalt géint Fraen, 21/11/2024 21 Nov 2024

Läit dat just drun, dass sech méi Fraen trauen Doten ze denoncéieren, oder hëlt den Haass zou?

"Trump reloaded": Eng Gefor fir Demokratie an d’Welt?, 06/11/2024 06 Nov 2024

D’Majoritéit vun US-Bierger wëll den Donald Trump zeréck, an deen huet dës Walen haushéich an all Hisiicht gewonnen, huet fräi Hand duerch ze regéieren.

Migratiounspolitik: Muss Lëtzebuerg méi a méi séier ausweisen?, 24/10/2024 24 Oct 2024

E Paradigmewiessel an der Migratiounspolitik fuerderen 18 EU-Staaten, och Lëtzebuerg.

Monarchie - déi bescht Staatsform fir Lëtzebuerg?, 17/10/2024 17 Oct 2024

Zwar gëtt et aktuell keng Debatt iwwer d'Staatsform vum Grand-Duché, mam Trounwiessel stellt sech d'Fro awer, grad ewéi déi vun enger Moderniséierung.

Wat huet d'Kierch eis haut nach ze soen?, 26/09/2024 26 Sep 2024

Mir liewen an engem post-chrëschtleche Land. 39 Joer huet Lëtzebuerg gewaart, ier de Chef vun der kathoulescher Kierch nees am Grand-Duché war.

Vun LGBT bis Politik: Wat soll d'Schoul thematiséieren?, 12/09/2024 12 Sep 2024

Am Kloertext gëtt diskutéiert, ob d’Schoul soll virop Wësse vermëttelen, wat alles derzou gehéiert an ob et nach Theme ginn, déi een ausklammere kann.

Neiwalen a Frankräich: Fräiheet a Gläichheet just nach fir Fransousen?, 04/07/2024 04 Jul 2024

"Ech oder Chaos" dat war dem Emmanuel Macron säi Motto, de President huet sech als deen Eenzegen inzenéiert, deen d'Extremer kéint ofschafen.

Spezial "Ried zur Lag vun der Natioun", 11/06/2024 11 Jun 2024

Virun den Debatten um Krautmaart hunn en Dënschdeg den Owend scho Vertrieder vun de 7 Parteie am "Kloertext" geschwat.

Wéi gesäit d'EU an 10 Joer aus an a wéi eng Richtung entwéckelt si sech?, 06/06/2024 06 Jun 2024

Am Kloertext erkläre 5 Spëtzekandidate fir d'Europawalen hir Visioun fir d'Unioun.

Deet d'EU hir Bierger nach dreemen? Jonk Kandidate äntwerten., 16/05/2024 16 May 2024

Et steet immens vill um Spill den 9 Juni. Dat soe jonk Kandidate fir d’EU-Walen am Kloertext.

Wat sinn déi ënnerschiddlech Visioune vun LSAP an CSV fir Europa?, 02/05/2024 02 May 2024

Dorëm geet et am Face-à-face tëscht Marc Angel a Christophe Hansen am Hibléck op d’ Europawalen den 9. Juni.

Immunsystem, Kriibs an Daarmflora, 18/04/2024 18 Apr 2024

Jiddwerengem säi Kriibs geziilt zerstéieren, ouni Schued u gesonden Zellen. A sécher goen, dass näischt nowiisst. Dat ass d'Zil vun der Kriibsfuerschung.

Ouni Atomkraaft keng Energiewend?, 04/04/2024 04 Apr 2024

Brauch et Atomstroum als Bréckentechnologie fir d'Energiewend a fir CO2-neutral ze ginn? Zu Lëtzebuerg ass d'Diskussioun iwwer Atomenergie nees lancéiert.

D'Liwwerkettegesetz - en Duerchbroch fir d'Mënscherechter?, 21/03/2024 21 Mar 2024

Wien ass géint d'Verhënnerung vu Kanneraarbecht an de Schutz vun der Ëmwelt? Am Prinzip keen, ma bis zum EU-Liwwerkettegesetz war et en zéit Verhandelen.

Ginn et méi krank Kanner oder gi se krank gemaach?, 07/03/2024 07 Mar 2024

Ëm déi Fro huet sech d'Diskussioun am Kloertext gedréint, wou vill iwwert den Drock rieds goung, ënnert deem d'Kanner haut stinn.

Ukrain: 2 Joer Krich a keen Enn an Aussicht?, 22/02/2024 22 Feb 2024

Déi séier Victoire, déi de Putin sech erhofft hat, war et net, d’Ukrain hält dem russeschen Aggresseur nach ëmmer d’Stier, d’Fro ass just wéi laang nach.

Kënschtlech Intelligenz: grouss Chance oder enorm Risiken?, 25/01/2024 25 Jan 2024

Mat an der Ronn souzen och Leit, fir déi d'KI aus hirem Betrib net méi ewechzedenken ass.

Heeschen: Belästegung oder Mënscherecht?, 11/01/2024 11 Jan 2024

Wéi kann een aggressiivt an “normaalt” Heeschen ënnerscheeden? Gëtt et méi Aarmut oder zitt Lëtzebuerg Heescherten un?

(Welt)-Klima retten ouni ze nerven, wéi geet dat?, 07/12/2023 07 Dec 2023

Op wéi engem Planéit mir an Zukunft liewen an iwwert Zukunft vun de fossille Energien diskutéieren eng 197 Staaten op der COP28, ausgerechent an der Wüüst.

Iwwerzeegen d'Regierungserklärung an déi nei Ekipp?, 23/11/2023 23 Nov 2023

Et goung ëm d'Regierungserklärung vum Premier Luc Frieden an ëm déi nei schwaarz-blo Ekipp. Eng Ekipp, mat där d'Oppositioun net immens zefridden ass.

Rout-Gréng an der Oppositioun: Firwat a wéi?, 09/11/2023 09 Nov 2023

Ëm déi Fro goung et en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee.

Podcasts liés